Sie hören links und rechts Aussagen und fragen sich: stimmt das?! 

Jeden Montag beleuchtet for real? ein anderes gesellschaftliches Thema.

Unsere Abonnent*innen bekommen über unseren Instagram-Kanal eine kurze Nachricht, die die Aussage einordnet und geprüfte Fakten liefert.

Latest posts :

Kloer: Zu Lëtzebuerg steet d’Meenungsfräiheet an der Verfassung🗣💬. Dat heescht: et ass ok, eng aner Meenung 🔄🧠 ze hunn, ewéi déi aner. Du däerfs se och soen an ëffentlech 📢 maachen.  

Mee: Trotz Meenungsfräiheet däerfe mir net alles oder egal wat🧐soen. D’Meenungsfräiheet huet Grenzen🛑: En Opruff zu Haass an/oder Gewalt ass zum Beispill keng Meenung. Dat kann zu Lëtzebuerg mat enger Prisongs- an/oder enger Geldstrof vu bis zu 25.000 € bestrooft👮‍♀️ ginn.  

An:  

  • Meenungsfräiheet gëlt och online 📱Trotzdeem gi grad online vill Aussoe verbreet, déi ze wäit ginn🚫. 
  • D’Meenungsfräiheet ass ee Mënscherecht (Art. 19 der Allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter) an immens wichteg fir d’Demokratie 🗳️: Si suergt dofir, datt et vill verschidde Meenunge gëtt a jidderee matschwätzen 🗣️ däerf. Si erlaabt eis och, d’Politik ze kritiséieren an ze demonstréieren 📢🪧. 
  • Net iwwerall op der Welt 🌍 gëlt d’Meenungsfräiheet. A verschidde Länner ginn zum Beispill kritesch Meenungen 🤨🗯️ vis-à-vis vun der Politik net toleréiert ⛔ a verfollegt. 

 

Wat mengs DU? 

Hues du d’Gefill, dass du fräi deng Meenung soen däerfs ? 🧐Ass et richteg, dass d’Meenungsfräiheet legal Grenzen huet? 

 

Kloer: 

Lëtzebuerg gëllt weltwäit als ee räicht Land 💸 an huet europawäit deen héchste gesetzleche Mindestloun mat ronn 2700 € pro Mount (fir net qualifizéiert Salariéen).   

Souguer ronn 43.600 Millionäre wunnen hei 💰. 

Mee:  

Mir profitéieren net alleguer vun deem Räichtum ⚖️: laut Statistiken ass +- all 5. Persoun vun Aarmut bedrot a souguer all 4. Kand. D’eleng erzéiend Persoune leide besonnesch ënner finanzielle Schwieregkeeten.  

Aarmut bedeit net nëmme wéineg Suen ze hunn, mee och Schwieregkeete fir um soziale Liewen deelzehuelen.   

Ausserdeem huet Lëtzebuerg europawäit déi héchste Working Poor-Quot 📊: also Leit, déi trotz Aarbecht, aarm sinn. 

An:  

Besonnesch betraff sinn dem Statec no : Aarbechtsloser (33,7%), Jonker tëschent 18 a 24 Joer (ronn een Drëttel) a Leit mat portugisescher Nationalitéit (41,4%).  

Aarm ass een als Single, wann ee manner wéi 2 540 € pro Mount zur Verfügung huet.  

De Klischee vum „räiche Lëtzebuerger” kënnt virun allem duerch de Finanzsecteur 🏦 a well Lëtzebuerg am Ausland nach dacks als Steierparadäis ugesi gëtt.  

Trotz Staatshëllefen hu vill Leit mat den héije Liewenskäschten 🏠🛒 ze kämpfen. Fir de Räichtum ze rechnen (z.B. PIB), ginn d’Frontaliere /-èrë bei der Bevëlkerungszuel net matgezielt, wat d’Bild vum „superräiche Lëtzebuerg” verfälscht 🔎. Aarmut bleift dacks onsiichtbar fir d’Leit, déi se net selwer erliewen.  

Wat mengs DU?  

Wat kann ee géint Aarmut ënnerhuelen 💭?  Gëtt dëst Thema an dengem Ëmfeld ugeschwat -oder ass et éischter en Tabu 🚫 

 

 

Kloer:
D’Geschlechtsmierkmoler (Chromosomen, Hormoner, Geschlechtsorganer) vun de meeschte Mënsche weisen eendeiteg entweder an d’Richtung ️ oder ️. Dofir wierkt et, wéi wann et just zwee Geschlechter géif ginn. An eiser Gesellschaft gi Männer a Frae jo och op ville Plaze getrennt – zum Beispill op den Toiletten oder am Sport.  

Mee: D’Wëssenschaft ass sech eens: Et ginn net just zwee Geschlechter. 💡 D’Geschlechtsmierkmoler sinn net bei all Mënsch “eendeiteg”. Intergeschlechtlech Persounen si biologesch weder ️nach ️. Et gëtt also méi wéi just zwou Méiglechkeeten!  A Mënsche kënne sech och ganz onofhängeg vun deene Mierkmoler engem Geschlecht zougehéireg fillen. 

An: 

  • Kee Geschlecht ass richteg oder falsch🌈. 
  • Intergeschlechtlechkeet ass keng Krankheet a biologesch gesinn och kee “Probleem” 🩺. 
  • Trotzdeem ginn intergeschlechtlech Persoune bei der Gebuert oft engem Geschlecht zougedeelt, fir enger Norm ze entspriechen – heiansdo esouguer mat Operatiounen.  
  • Verschidden intergeschlechtlech Persoune fannen sech an der Opdeelung ️an ️ erëm, anerer net. 
  • Dacks feelt et un Akzeptanz – si gi falsch ugeschwat a mussen Toiletten oder Vestiaire benotzen, déi net passen🤨. 
  • Am CHL komme pro Joer 3 intergeschlechtlech Kanner op d’Welt 🍼. 

Wat mengs DU? 

🤔 Missten intergeschlechtlech Mënschen selwer decidéieren, zu wéi engem Geschlecht si gehéieren? 💡Spillt d’Trennung vu Mann a Fra an eiser Gesellschaft eng grouss Roll? 

 

 

Sources:  

https://www.science.lu/de/ziel-mir-keng-science-check/intergeschlechtlichkeit-wie-viele-biologische-geschlechter-gibt-es   

https://science.lu/de/biologisches-geschlecht-geschlechtsidentitaet-und-sexuelle-orientierung/lgbtiq-alles-was-du-wissen-musst 

Jill ist anders 

WAS WIRD ES DENN mit luxemburgischen Untertiteln 

 

 

 

Kloer :  

Méi héich Militärausgaben a méi Waffen heeschen, datt d’Mëttel fir militäresch Gewalt disponibel sinn. Dat kann  zu engem Waffewettrenne féieren: All Land produzéiert méi Waffen, fir mat den anere matzehalen oder well et sech bedrot fillt. Da besteet de Risiko vun engem Däiwelskrees, deen d’Spannungen erhéicht an zu engem Konflikt féiere kéint. 

Mee :  

D’NATO ass eng defensiv Organisatioun mat demokratesche Wäerter. D’Haptzil: Konflikter vermeiden. Der NATO hir Stäerkt soll de Géigner dovunner ofhalen, ee Konflikt unzefänken. Fir datt d’Ofschreckung funktionéiert, muss d’NATO staark sinn. D’NATO-Länner mussen zesumme schaffen an sech déi Mëttel a Waffe ginn. Déi rezent erhéichten Ausgaben sinn eng direkt Reaktioun op déi russesch Aggressioun an déi allgemeng geopolitesch Situatioun. Fir 2035 soll all NATO-Land 5% vun der Wirtschaftsleeschtung an d’Verdeedegung a Sécherheet investéieren. 

Domadder wëll d’NATO d’Allianz weider stäerken, Krich vermeiden an noutfalls d’Memberlänner  vun der NATO schützen. 

 

An :  

D’Verdeedegungsausgabe finanzéieren net just Waffen, mee z.B. och d’Paie vum Militärpersonal. D’Verdeedegungsausgabe sollen 3,5% ausmaachen. Zousätzlech 1,5% solle fir Sécherheet genotzt ginn. Dës Sue kënnen an d’Infrastruktur, d’Innovatioun, d’Resilienz an d’Defenseindustrie zu Lëtzebuerg investéiert ginn.  

 

Wat mengs DU ? 

Mengs du datt déi defensiv Strategie vun der NATO wierkt? Wéi eng Alternativen zur Ofschreckung ginn et an der Konfliktvermeidung? 

Bibliographie : 

  • Erklärung RNB vs PIB:
    Pour le PIB, la résidence des unités institutionnelles est déterminante, on retient la valeur ajoutée par les agents résidents. 
  • Pour le RNB c’est la nationalité (quelle que soit la résidence). Ainsi pour passer du PIB au RNB, il faut ajouter au premier les solde des revenus reçus ou versés au reste du monde. 
  • Pour un pays développé ayant des relations équilibrées avec l’extérieur, la différence entre les deux agrégats est faible (c’est le cas de la France pour laquelle l’écart entre le PIB et le RNB pour 2005 représente 8,8 milliards d’euros (respectivement 1710 et 1718,8 milliards d’euros) c’est-à-dire 0,5 % du PIB). 
  • Pour un pays qui accueille de très nombreuses entreprises étrangères sur son sol alors que lui-même exporte peu de capitaux, l’écart entre PIB et PNB (RNB) est important et il est évident qu’il faut utiliser le PNB (RNB) pour avoir une image satisfaisante de sa richesse. 

 

 

Kloer:
Verschidde Leit entscheeden sech bewosst dofir op der Strooss ze liewe fir méi onofhängeg ze sinn.   

Mee:  

Dat ass meeschtens net de Fall. Obdachlos Leit, also Mënschen déi ganz ouni Schlofplaz sinn, oder wunnengslos Leit, also Persounen ouni eegenen, dauerhafte Wunnsëtz, kënnen duerch eng Rei vu verschiddene Grënn an dës Situatioun rutschen:  

💰 Wirtschaftlech Grënn: Kee stabilt Akommes oder Chômage, héich Loyeren, Verscholdung 

🏚Gesellschaftlech Faktoren: Mangel u bezuelbare Wunnengen, administrativ Virgäng, Ufroe vun Hëllefen 

️‍🩹 Perséinlech Schicksalsschléi: Accident, Scheedung, psychesch a physesch Krankheeten, Suchtproblemer 

Sou kann ee séier an d’Armutsspiral rutschen: 

 🔁 AarbechtslosegkeetKeng Sue fir de LoyerVerloscht vun der WunnengLiewen ouni Daach iwwert dem Kappkeng Adress fir eng Aarbechtsplaz an Ënnerstëtzung  

An: D’Zil vun der Regierung ass bis 2030 keng Obdachlosegkeet méi ze hunn. Dofir ginn et verschidden Initiativen, zum Beispill Housing First 🏠. Wunnen ass e Grondrecht, dofir ass d’Konzept vun der Initiative,obdachlos Mënsche fir d’éischt eng Wunneng ze beschafe fir duerno hir aner Erausfuerderunge meeschteren ze kënnen.   

Wat mengs DU?  

Wat wiere Méiglechkeete fir Leit, déi op der Strooss liewen, besser ze ënnerstëtzen? A wat ass mat de Menschen, déi aus der Obdachlosegkeet raus wëllen?🏡💭  

 

 

Quellen 

Die Luxemburger Regierung, 2023. 197 obdachlose Personen wurden am 26. Oktober 2022 auf dem Gebiet der Stadt Luxemburg gezählt.  https://gouvernement.lu/de/actualites/toutes_actualites/communiques/2023/02-fevrier/21-personnes-sans-domicile.html (letzter Zugriff am 12.08.2025).  

Inter-Actions, Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg – Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre d’ensemble et de l’Acceuil, 2024. Cinquième recensement des personnes sans-abri et sans domicile au Luxembourg. https://mfsva.gouvernement.lu/dam-assets/publications/rapport-etude-analyse/etat-des-lieux-sans-abrisme/202412-rapport-5-recensement-sans-abrisme-vf.pdf (letzter Zugriff am 04.09.2025). 

 

Luxemburger Wort, 2016. Die Straße, ein Existenzkampf. https://www.wort.lu/luxemburg/obdachlos-in-luxemburg-die-strasse-ein-existenzkampf/855792.html (letzter Zugriff am 13.08.2025).  

Luxemburger Wort,2021. Experten erklären – Warum Menschen in Luxemburg obdachlos werden. https://www.wort.lu/luxemburg/warum-menschen-in-luxemburg-obdachlos-werden/1121668.html (letzter Zugriff am 13.08.2025). 

 

Luxemburger Wort, 2025. Kritik aus dem sozialen Sektor – Schwere Vorwürfe gegen Familienministerium wegen Obdachlosenzählung.  https://www.wort.lu/politik/schwere-vorwuerfe-gegen-familienministerium-wegen-obdachlosenzaehlung/80853141.html (letzter Zugriff am 04.09.2025).  

 

Süddeutsche Zeitung, 2023. Luxemburg – Arm im reichsten Land der Welt. ://www.sueddeutsche.de/panorama/luxemburg-bettelverbot-armut-obdachlose-1.6322394 (letzter Zugriff am 13.08.2025).  

 

Kloer:  

Déi Jonk sinn an den Entscheedungsinstanzen ënner representéiert 📉: Vun de 60 Deputéierten an der Chamber hunn 2 manner wéi 30 Joer an 13 manner wéi 40 Joer. 2 Membere vun der Regierung si méi jonk wéi 40. Änlech Zuele gëlle fir déi lokal Politik 🏘️. 2015 gouf d’Walrecht ab 16 verworf , och wann et dat a verschiddenen Nopeschlänner gëtt. 

 

Mee: 

Wärend de Gemengewalen 2023 🗳️ hate 25,3 % vun de Persounen op de Lëschten tëschent 25 a 39 Joer. Dovunner 70 Jonker tëschent 18 an 21 Joer. Zu Bech gouf eng jonk Fra vun 20 Joer Buergermeeschtesch. Weider Initiativen erméiglechen et Jonken sech indirekt um politesche Liewen ze bedeelegen : z.B. d‘Gemengeréit fir Jonker an de Jugendrot. 

 

An :  

Déi Jonk droe Konsequenzen vu politeschen Decisiounen am längsten . Theme wéi Logement 🏠, Pensiounen a Klima 🌍betreffe si lo schonn an hiert Liewe laang. Den Artikel 15 an der Verfassung 📜 garantéiert Jonken hir Meenung ze deelen 💬 an a Betruecht gezunn ze ginn. Eng Demokratie besteet aus ville Perspektiven 🧩an déi jonk Bevëlkerung representéiert ee groussen Deel vun eiser Gesellschaft. 

A wat mengs du ?  

Wéi géifs du dech gär politesch bedeelegen? 💡Iwwert wéi eng Struktur kéint een d’Präsenz vu Jonken an der Politik an d’Gläichgewiicht bréngen? 

 

Kloer : De “gudde Mann” gëtt et net! Alles eng Verschwörung vun deene “Groussen” 😉. 

Mee: Et gouf de Kleeschen als historesch Figur. Hie war am Réimesche Räich Bëschof zu Myra (haut Demre an der 🇹🇷). En ass zu Bari 🇮🇹 begruewen, wou en och grouss als Hellege gefeiert gëtt. Aus sengem Liewen hu sech iwwert Joerhonnerte Geschichten a Bräich entwéckelt, aus dem Noen Oste bis op Lëtzebuerg 🌍✨. 

An: Obwuel vill dobäi erfonnt gouf, bewierkt de Kleeschen eppes an der Gesellschaft 🎅. Kléngt komesch, ass awer sou: Den 6. Dezember ass e kulturell a sozial wichtegen Dag 📅. Kanner am Fondamental hu souguer fräi. An et ginn och wirtschaftlech Konsequenzen:  Cortège mam Kleeschen zéie Kléng a Grouss un, d’Léit besiche Chrëscht-, Wanter- oder Niklosmärt a gi fir Spillsaachen, Boxemännercher a Séissegkeete 🍫 Suen aus.  

Et ass net nëmmen e Konsumfest. D’Bräich ronderëm de Kleeschen si kulturell gepräägt, net direkt reliéis. Hie steet ganz universell fir: 

  • Mënschlechkeet a Solidaritéit mat méi Kléngen, Aarmen a Schwaachen 
  • Frëndlechkeet a Freed um Schenken 🎁 
  • Gerechtegkeet a Matgefill (Empathie)  
  • Gemeinsam Ritualer a Famill an/oder Gesellschaft 
  • Kultur an Traditioun(en) an Europa an doriwwer eraus. 

De Santa Claus 🎅 ass eng modern amerikanesch Versioun vum Zinniklos. 

 

Wat mengs du? Ass et wierklech e Fest fir alleguer? Oder rénge Konsum? 🤔🛍 

 

Kloer: Männer kräischen tatsächlech manner oft wéi Fraen. Laut enger däitscher Etüd kräische Männer héchstens 17 Mol am Joer – Fraen dogéint bis zu 64 Mol!💧Männer hunn awer net onbedéngt  manner Grond ze kräischen. Och si fillen Trauer, Verzweiflung, Angscht oder Péng💔. 

Mee: Ville Jongen oder jonke Männer gëtt bäibruecht, datt et sech fir e Mann “net gehéiert”, ze kräischen. 🙅️ Jongen léieren sech un aner sozial Reegelen ze halen wéi Fraen. 💭🤔 Dës Reegelen gëtt et schonn éiweg, mee si si vun eiser Gesellschaft erfonnt. Ee Beispill: Fraen däerfe kräischen, Männer net.🚫Dat ass kee biologesche Fakt, mee eng sozial Norm. Dat heescht, datt ee Behuelen generell akzeptéiert an als normal empfonnt gëtt. 

An: 

  • Wie vu kleng u léiert, kräischen oder Gefiller weise mat Schwächt ze verbannen, deet sech domat och als Erwuessenen dacks schwéier 🔒. 
  • Staark Gefiller an Emotioune ginn ënnerdréckt, fir vun anere Leit akzeptéiert ze ginn 😔.  
  • De Risiko fir d’Männer: eng méi héich Ufällegkeet fir Depressiounen, Sucht-Verhalen a Suizid 🤕. 

 

Wat denks DU? 

🤔 Wat häls du vun der “Reegel”, dass Männer net kräischen däerfen? Brauche mir iwwerhaapt Normen, déi d’Behuele vu Männer a Frae virginn? 💭 

 

Bibliographie : 

https://www.fluter.de/maenner-weniger-weinen-gefuehle  

https://www.gesundheit.de/medizin/psychologie/warum-weinen-wir-id215277/  

https://www.geschlechtersensible-paedagogik.de/magazin/fachdebatten/der-begriff-der-toxischen-maennlichkeit-und-wie-wir-damit-umgehen-koennen/  

https://www.aerzteblatt.de/archiv/psychische-gesundheit-maenner-weinen-heimlich-6caa199b-0f84-4157-99ac-254ea7f68c69  

https://www.lessentiel.lu/de/story/luxembuirg-warum-maenner-haeufiger-suizid-begehen-103260496 / https://ourworldindata.org/data-insights/suicide-rates-are-higher-in-men-than-women  

 

Kloer: ChatGPT ass immens praktesch a  liwwert op all Fro eng séier Äntwert. Mat just engem Prompt kritt een d’Informatioune kompakt zesummegefaasst a fäerdeg um Plateau zerwéiert. Kee Wonner, datt ChatGPT mëttlerweil gären als „neie Google“ gesi gëtt. 

Mee: ChatGPT – a generell generativ KI – ass keng klassesch Sichmaschinn a liwwert an dësem Beräich net déi beschte Resultater. Wat hannert der „Informatioun“ stécht, ass nämlech net ëmmer kloer.  

Op eng Fro kritt ee keng Auswiel vu verschiddene Säiten, op deenen ee sech selwer informéiere muss. ChatGPT setzt Wierder oder Deeler vu Wierder uneneen, déi opgrond vu mathematesche Warscheinlechkeeten ausgewielt goufen. Dat ass méiglech, well ChatGPT mat enger enormer Datebasis trainéiert gouf. Et bleift onkloer, wéi eng Daten duerfir benotzt goufen. 

An: D’Datebasis vu ChatGPT ass onbekannt. Dofir kënnen Äntwerte falsch oder biased sinn, a souguer fräi erfonnte “Fakte” beinhalten. Trotz ville gudde Resultater si fundéiert Äntwerten also net garantéiert. Mëttlerweil huet Google och e KI-Modus a leid dowéinst ënnert ähnleche Problemer wéi ChatGPT. 

Wat denks du?
Benotz du ChatGPT wéi eng Sichmaschinn? Wéi kontrolléiers du deng Resultater? Benotz du KI fir aner Saache wéi Recherche? 

 

Kloer: 

Den Holocaust oder d’Shoah ass vun Nazi-Däitschland ausgaangen.  Et war een organiséierte Mord u ronn 6 Millioune jüddesche Mënschen an Europa. Lëtzebuerg war 1940-1944 besat.  

Mee: 

1940 liewe 4.000 jüddesch Mënschen zu Lëtzebuerg. Juddefeindlechkeet (Antisemitismus) gëtt et scho laang virum Krich. Wärend dem Krich ass et fir jüddesch Mënschen zu Lëtzebuerg z.B. verbueden, verschidde Beruffer auszeüben, en Hausdéier ze hunn, an d’Schoul oder an de Kino ze goen. Ausserdeem hu Beamten aus verschiddene Verwaltunge gehollef d’Verfollgung an d’Deportatioun vun de jüddesche Kanner, Fraen a Männer aus Lëtzebuerg méiglech ze maachen.  

An: 

Am Klouschter Fünfbrunnen am Éislek isoléieren d’Nazie jüddesch Mënschen. Et ass d’Etapp virun der Deportatioun an d’Konzentratiounslager. Ronn 700 Judden a Jüddinnen ginn aus Lëtzebuerg an d’Lageren deportéiert, wou déi meescht ëmbruecht ginn. 

No 1945 gëtt zu Lëtzebuerg vill un d’Krichsaffer erënnert, awer déi méi kleng Affergruppen gi laang Zäit vergiess. Dozou gehéieren nieft de jüddesche Mënschen och di Jéinesch, Sinti, Roma, homosexuell a Schwaarz Mënschen. 2015 entschëllegt sech d’Regierung bei der jiddescher Gemeinschaft fir d’Kollaboratioun. Eréischt zanter 2018 erënnert d’Kaddish-Monument an der Stad un déi jüddesch Affer. 

Un den Holocaust erënneren, dat heescht och iwwert Toleranz a Mënscherechter ze schwätzen.  

Wat mengs DU? 

Muss zu Lëtzebuerg méi iwwert den Holocaust geschwat ginn? Ass Rassismus an Intoleranz haut nach een Thema? 

 

Kloer: 

Feministen a Feministinne setzen sech fir d’Gläichberechtegung tëscht de Geschlechter an a si géint d’Patriarchat. “Patriarchat” nennt een d’Gesellschaftsuerdnung, an där d’Männer d’Muecht hunn an Entscheedungen treffen ♂️. De Feminismus wëll dëst also änneren️📢🪧. 

Mee: 

Et geet net drëm, d’Männer ze benodeelegen. D’Zil ass jidderengem déi selwecht Rechter a Méiglechkeeten an der Gesellschaft ze ginn. Diskriminéierung an Ongläichheet gi bekämpft. Egal, wéi ee Geschlecht een huet ✊. 

An: 

  • Feminismus ass net just fir d’Fraen. Och Männer kënne sech fir feministesch Ziler asetzen.  
  • Feminismus bréngt och de Männer eppes. Z.B. kéinte si méi Zäit fir d’Famill hunn. Verbreet am Patriarchat ass nämlech d’Iddi, datt d’Frae sech ëm d’Betreiung vun de Kanner këmmere sollen. Wa méi Akzeptanz do ass fir Männer, déi dës Aufgab (deels) iwwerhuelen, ass dat fir si méi einfach. 
  • D’Patriarchat ass et net “schonn ëmmer ginn”. Dat huet sech eréischt am Laf vun der Geschicht entwéckelt. 

Wat denks DU? 

Firwat kéinte Männer (oder Fraen) sech vu feministeschen Iddien ugegraff fillen? Wousst du, dass Feminismus sech fir d’Rechter vu jidderengem asetzt – an net just fir d’Fraen? 

 

Quellen: 

https://www.fes.de/wissen/gender-glossar/patriarchat  

https://www.goethe.de/prj/sam/de/wel/fem.html?srsltid=AfmBOorNkYBhU7wHar1a4bhGglP7BBqz6AjKPhcBERN4s9_tFESWXkXi   

https://www.deutschlandfunkkultur.de/feminismus-wenn-maenner-fuer-frauenrechte-kaempfen-100.html  

https://www.goethe.de/prj/zei/de/art/22665970.html?srsltid=AfmBOoqBXaHhhw74WdmzBpPEr0OIphwWRiN2be08sSCRS4gPJtwjVjK9  

https://nationalgeographic.de/geschichte-und-kultur/2023/01/diskriminierung-von-frauen-woher-kommt-das-patriarchat/  

https://feminist.org/news/feminism-is-for-men-too/