Den 20. November ass den Internationalen Dag vun de Kannerrechter. Och an dësem Joer wäert de Kannerrechtsdag een Ulass sinn, fir et Kanner aus dem Fondamental ze erméiglechen, eng Rencontre mat Vertrieder*innen aus der Chamber am Kader vum „Zuch vun der Demokratie“ duerchzeféieren.  

De Workshop „Bastel däin Deputéierten“ ass ee Bestanddeel vun der Konferenz „Kinder an die Macht“, déi den 22. Oktober 2024 vun 14h00-18h00 Auer an den Rotonden wäert stattfannen.

An dësem Workshop geet et drëms, d’Kanner op d’Rencontre an der Chamber beim Zuch vun der Demokratie virzebereeden. Si maachen sech Gedanken zu aktuellen gesellschaftlechen Erausfuerderungen a préparéieren hir Iddien a Fuerderungen, déi si zesummen mat den Elu.e.n am Kader vum „Zuch vun der Demokratie“ beschwätzen.

Während dem Workshop kréieren d’Participant.e.n. eng Äntwert op déi heiten Froen:

– Wéi kann ech Politik mat Kanner am Unterrécht thematiséieren a beschwätzen?
– Wéi kréien ech d’Kanner dozou sech mat hirem Ëmfeld ze befaassen?
– Wéi kann ech d’Kannerrechter mat Kanner beschwätzen?
– Wéi kréien ech d’Kanner dozou, sech fir hir Rechter anzesetzen?
– Wéi bereeden ech d’Kanner op d’Treffen mat den Deputéierten an der Chamber fir?
– Wéi kënne si hir Iddien an der Chamber présentéieren a mat den Elu.e.n diskutéieren?

Weiderhin gëtt den Participanten
– Material a Publikatiounen,
– Videomaterial,
– Kartonsfigur virgestalt, déi den visuellen Support während dem Zuch vun der Demokratie duerstellt.

Sprachen: Französisch, Englisch, Luxemburgisch

Kontakt:

Vanessa Reinsch

formations@zpb.lu

(+352) 24 79 51 26

Wann?

Von: Tuesday 22 October 2024
16:15-17:15

Wo?

Rotondes
Rotondes
Place des Rotondes
Bonnevoie-Nord-Verlorenkost Luxembourg

Partner