Cette formation a lieu en ligne

Webtools fir sech online z‘orientéieren.

 

Esou déif wéi d‘COVID-19 Pandemie d’Liewen vu jidderengem beanträchtegt huet, esou hefteg ginn och lo zum Deel d’Diskussiounen gefouert ronderëm d’Folgen vun der Pandemie. Fir sech eng Meenung ze bilden an dësen Zäiten zu Froen wéi „Wéi laang soll d’ëffentlecht Liewen nach ageschränkt sinn?“, „Wéi eng Sécherheetsmesuren sinn nach néideg?“, „Wie soll finanziell vum Staat gehollef kréien?“… ass een op der Sich no Informatiounen an Argumenter. Dobäi ass et net ëmmer einfachfir zouverlässeg Informatiounen ze fannen oder um Internet anere Points de Vue wéi sengen eegenen ze begéinen.

Schold dorunner sinn oft Fake News, Verschwierungstheorien a Filterblosen.

Dës Formatioun vum ZpB stellt zwee Webtools vir, déi op der Sich no Informatiounen an Argumenter Orientéierung bidden.

 

……

Wann?

Von: Tuesday 04 August 2020
18:30