Am Kader vum 30-järegen Anniversaire vun der UN-Kannerrechtskonventioun, lueden Iech de Kannerbureau Wooltz an den Zentrum fir politesch Bildung mat hire Partner op déi 1. Kannerkonferenz zu Lëtzebuerg an!

Am Mëttelpunkt stinn d’Kanner an hir Rechter – virun allem d’Recht op Meenungsäußerung an d’Matentscheeden. No enger spillerescher Aleedung moies, ginn d’Kanner an d‘Erwuessener am Nomëtteg selwer aktiv. Dësen Dag ass dofir do, datt Kanner an Erwuessener entdecken wat Participatioun fir si bedeit, an zu Froe wéi „Firwat sinn ech wichteg?“ a „Wou ginn ech gehéiert?“ zesummen Äntwerte fannen.

Éducateuren an Éducatricen aus de Maison Relais sinn ageluede mat engem Grupp vu Kanner un dëser Konferenz deelzehuelen. D’Veranstaltung kann als Formation Continue ugerechent ginn (Validation no.2019_07_ANB_060).

Kuckt iech den détailléierte Programm um Site vum Kannerbureau Wooltz unschreiwt iech ënnert dësem Link an.

Wann?

Von: Saturday 16 November 2019
09:30

Kontakt

Michèle Schilt
michele.schilt@zpb.lu
(+352) 24 77 52 22

Wo?

Forum Geesseknäppchen (rez-de-chaussée)
40 Boulevard Pierre Dupong
1430 Luxembourg
Lëtzebuerg

Partner