Fake News a Verschwierungstheorien – Demokratie um Préifstand!

Debat zesumme mam Trifolion Echternach am Kader vun der Themerei „Fake News?! [ˈfɛɪ̯kˌnjuːs]“

Net nëmmen an Zäite vu COVID-19 zirkuléieren ëmmer rëm bewosst Falschmeldungen oder Verschwierungstheorië virun allem a sozialen Netzwierker oder Chat-Programmen. Sie wëlle Mënschen täuschen, bidden einfach Erklärungen an enger komplexer Welt a sinn zum Deel nëmme schwéier vun zouverlässegen Informatiounen ze ënnerscheeden. 

Firwat lafe mir alleguer Geforop Fake News oder Verschwierungstheorien eranzefalenWéi eng Auswierkungen hunn se op d’Meenungsbildung an op d’Fundament vun enger Demokratie? Wéi kann een erfollegräich géint se virgoen 

Participanten: 

D‘Judith Reicherzer, verantwortlech fir Kommunikatioun a Medienausbildung am Lycée Aline Mayrisch, huet un der Deutschen Journalistenschule zu München studéiert, wou si eng redaktionnell Ausbildung ofgeschloss huet. Si huet als Redaktrice mam Schwéierpunkt op Jugend, Marketing an Osteuropa fir Die Zeit zu Hamburg geschafft. 1991 ass si op Lëtzebuerg geplënnert fir iwwer d’Europäesch Unioun fir Die Zeit a Süddeutsche Zeitung ze berichten, an 2003 ass si an de Lycée Aline Mayrisch gaang fir de Mediedepartement opzebauen.

Karin Weyer ass Psychologin a Psychotherapeutin. Säit der Grënnung vun respect.lu – Centre contre la radicalisation am Joer 2017 ass d‘Karin Weyer zoustänneg fir den Opbau an d’Ëmsetze vun de Missioune vu Präventioun a Begleedung vu Leit déi am Gang sinn sech ze radikaliséieren oder sech scho radikaliséiert hunn.

Et huet sech vill am beruffleche Beräich vum Journalismus geännert säit déi fräi Kulturjournalistin Anne Schaaf hir éischt Erfahrunge beim Radio Ara viru bal 16 Joer gemaach huet. D’Mini-Disken, déi si deemools als Datenträger fir Interviewen a Berichter benotzt huet, gehéieren der Vergaangenheet un. De Gemeinschaftssender  glécklecherweis net. D’Verännerung ass awer laang net nëmme mat techneschen Aspekter verbonnen, mee och mat der Aart a Weis wéi d’Journalist:innen elo Inhalter an (On-) Wëssen vermëttelen. Dëst konnt si feststellen wéi si an der follgender Dekad fir eng grouss Varietéit vu Print- a Radiomedien heiheem an am Ausland geschafft huet – dorënner d‘Zäitschrëft forum a Radio 100,7 souwéi woxx an d’Tageblatt. Elo kuckt déi zukünfteg Historikerin zréck op beweegt Zäiten a freet sech wéi et mam lëtzebuerger Journalismus wäert weidergoen.

De François Moyse ass zënter exakt 30 Joer Affekot an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass spezialiséiert op Mënscherechter, praktizéiert awer och europäescht Recht an allgemeng Sträitfäll op alle Geriichter. Och Hatespeech Themen huet hien geriichtlech verfollegt an ass bekannt fir säi staarkt soziaalt Engagement.

Moderatioun: Romain Schroeder (Zentrum fir politesch Bildung) 

Sprooch: Lëtzebuergesch  

Dauer: 90 Min.+ 20 Min. Paus | TRIFOLION AGORA

Datum & Plaz: 22. Abrëll 2021, 20 Auer, TRIFOLION Echternach

Weider Table ronde an der Rei „Fake News?! [ˈfɛɪ̯kˌnjuːs]“ :

Partenaire :