Im Alltag werden wir mit zahlreichen Informationen konfrontiert, die unsere Meinungsbildung beeinflussen. Für Jugendliche und Erwachsene ist es nicht immer leicht zu erkennen, ob diese Informationen zuverlässig sind. Filterblasen, Desinformation und Verschwörungstheorien sind für diese Problematik verantwortlich.

 

LU

Am Alldag gi mir mat villen Informatiounen konfrontéiert, déi eis Meenungsbildung beaflossen. Fir Jonker an Erwuessener ass et net ëmmer evident fir erauszefannen, op dës Informatiounen zouverlässeg sinn. Schold dorunner sinn ë.a. Filterblosen, Desinformatioun a Verschwierungstheorien.

An dëser Formatioun gi Methoden an Online-Tools virgestallt, ausprobéiert an diskutéiert. Och gëtt gemeinsam gekuckt, wéi des Tools ganz konkret am Unterrecht agesat kënne ginn:
– http://propaganda.guide: De User unhand vun 10 Froen en Androck, ob e Post, Video, Tweet, Lidd, Poster, etc… hien éischter wëll informéieren oder manipuléieren
– www.filterbubble.lu: Als User fënnt een eraus, wéi déif een a senger Filterblos stécht a wat ee kann dogéint maachen
– Duerchbléck: Click&Go : Dës pädagogesch Handreichung bitt Methoden, Aktivitéiten an Arbechtsblieder zum Thema Desinformatioun
– DemokratieLabo: D’Visiteure fannen an dëser interaktiver Expo ë.a. eraus, wéi een Impakt Desinformatioun op Demokratie huet.

 

Sprache: Luxemburgisch

Referentin:  Kim Nommesch

Contact :

Vanessa Reinsch

formations@zpb.lu

(+352) 24 79 51 26

Wann?

Von: Tuesday 18 April 2023
15:00-16:30

Wo?

IFEN
28 Route de Diekirch
Walferdange
Luxembourg