Déi iwwert 3000 km laang Grenz tëscht den USA a Mexiko gëtt am Hollywood-Kino inszenéiert als eng Plaz op där zwou Welte meeschtens brutal openeestoussen. An de Westernfilmer ginn angelsächsesch Sheriffen an Texas Rangers konfrontéiert mat Banditen, rebelleschen Indianer, blutrünstege Revolutionären a verféiereche Fraen. Haut, wou eng Mauer deels d’Festunge vu fréier ersat huet, an d’Grenz net nëmmen zwee Länner, mee och de globale Süden vum räichen Norden trennt, kämpfen d’US Border Patrol an den FBI géint onerwënschten Immigranten, Drogendealer a mutmaasslech Terroristen. Un Hand vun haaptsächlech US-amerikaneschen an awer och mexikanesche Filmer gëtt d’US-mexikanesch Grenzgebitt analyséiert als Dekor fir dacks haarden Action-Kino, mee och politesch engagéiert Reflexiounen iwwert Invasiouns-Ängschten, national Identitéiten, kulturell Wäerter, ekonomesch Exploitatioun a staatlech Gewalt.

Formatrice : Viviane Thill

Langue : luxembourgeois

Contact:

Vanessa Reinsch

formations@zpb.lu

(+352) 24 79 51 26

Wann?

Von: Wednesday 12 June 2024
18:30-20:00

Wo?

Ciné Scala, Diekirch
Ciné Scala
Rue de l'Industrie
Diekirch Luxembourg

Partner