Demokratie wëll geléiert sinn. E friddlecht Zesummeliewe vu Mënsche brauch Reegelen, awer virun allem och Matschwätzen. Fir dass ee matschwätze kann, sollt ee gutt informéiert sinn a léieren, wéi een diskutéiert an argumentéiert. Participatioun ass aus enger echter Demokratie net ewechzedenken, a soll sou fréi wéi méiglech geléiert ginn.
Am Prakteschen heescht dat: üben, üben, üben. An net ophale säi Recht op Participatioun ze kennen an och auszeüben. Mä: wat ass eigentlech Participatioun? A wéi kann een dat léieren? Wat gëtt et zu Lëtzebuerg am Schoulsystem an an der informeller Bildung schonn? Wat kann een nach ausbauen?

Live-Emissioun um Radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu (Dir fannt op www.100komma7.lu kuerz virum Ufank vum Beitrag de Link, Dir kritt kee Link geschéckt).
Wärend der Live-Emissioun hutt Dir d’Méiglechkeet Froen iwwert fro@webinar.lu oder d’WhatsApp 621 44 00 44 ze stellen.

Formateur·trice·s :

Marc Birchen, Geschichtsprofesser, Nationale Coordinateur Debate Clubs, SCRIPT
Jana Degrott, Social Entrepreneur, Grënnerin vu WeBelong, fërdert jonk Politikinteresséiert
Sam Elsey, Schüler, President vum Jugendparlament, President Schülercomité Lycée Aline Mayrisch
Vanessa Reinsch, Mataarbechterin vum Zentrum fir politesch Bildung, ZpB

Langue : luxembourgeois

Informations : Nathalie Bender – Nathalie.Bender@men.lu

Wann?

Von: Tuesday 12 December 2023
14:00 - 15:30

Wo?

online

Partner