Wéi an engem richtege Labo, lued Den DemokratieLabo all d‘Visiteuren an, Neies ze entdecken, ze experimentéieren an ze erfuerschen.

Déi „eng an eenzeg Demokratie“ gëtt et net. Demokratie ass ee Prozess, deen ni oofgeschloss ass, an dee vun neien an anere Meenungen an Iddie lieft a sech ëmmer weiderentwéckelt. „Den DemokratieLabo“ probéiert mat Hëllef vun Experimenter op eng interaktiv a onvirageholl Aart a Weis jidderengem d’Demokratie an all senge Facetten méi nozebréngen. Dozou gehéieren och oppe Froen, d’Vertriede vu verschiddene Meenungen a Konflikter.

D’Ausstellung “den DemokratieLabo” ass fir jiddereen ab 12 Joer geduecht. Et ginn dräi verschidde Parcuren, soudatt fir all Visiteur oder Grupp eppes dobäi ass.

 

Langue : luxembourgeois / français

Formatrice : Annelise Scheuren

Contact :

Vanessa Reinsch

formations@zpb.lu

(+352) 24 79 51 26

Wann?

Von: Thursday 20 April 2023
15:30 - 17:30

Wo?

69, rue de l’Alzette L-4011 Esch-sur-Alzette
69 Rue de l'Alzette
4011 Esch-sur-Alzette
Luxembourg