Am DemokratieLabo gëtt sech, wéi den Numm et scho seet, mat Demokratie beschäftegt. Dëst gëtt op verschidde Manéiere an aus ënnerschiddleche Bléckwénkele gemaach, fir ë.a. der Komplexitéit an awer och de verschiddenen Altersgruppe gerecht ze ginn.

Heibäi handelt et sech ëm; Partizipatioun, Polariséierung, soziale Wandel, Integratioun, Roll vun de Medien, Elementer vum Rechtsstat, Mënscherechter, Indentitéit(en), Viruerteeler, Fräiheet, Ongläichheet a Gerechtegkeet.

Am Virdergrond stinn net d’Institutiounen vun der Demokratie, mee aktuell Froen, déi d’Zesummeliewen an d’Gesellschaft betreffen. D’Froen, déi gestallt ginn, befaassen sech net mam Oflaf vu Walen oder wéi sech eng Regierung zesummesetzt, mee mat Froe wéi “wat ass iwwerhaapt meng Meenung dozou” oder “wat solle mir maachen, wa mir eis net eenz sinn?”. D’Visiteure erfuerschen d’Spannungsfelder vun enger demokratescher Gesellschaft a stelle fest: “Dat huet eppes mat mir ze doen”.

Des Weidere kréien d’Participante nach ë puer Méiglechkeete opgewisen, wéi si déi eenzel Theme weider mat hire Schüler an der Klass behandele kënnen. Dozou gehéiert och pädagogescht Material fir d’Nobereedung am Kuer.

Referent*innen :

Collaborateur.trice du Zentrum fir politesch Bildung

Sprache:

Luxemburgisch

Kontakt:

Vanessa Reinsch

formations@zpb.lu

(+352) 24 79 51 26

Wann?

Von: Wednesday 08 May 2024
14:30-16:30

Wo?

Trifolion
TRIFOLION Echternach
Porte Saint Willibrord
Echternach Luxembourg

Partner