Diese Veranstaltung ist in luxemburgischer Sprache.

Debatt am Kader vun der Serie “Fake News”
Kooperatioun mam TRIFOLION Echternach a mat der lëtzebuergescher Zäitschrëft forum

Net nëmmen an Zäite vu COVID-19 zirkuléieren ëmmer rëm bewosst Falschmeldungen oder Verschwierungstheorië virun allem a sozialen Netzwierker oder Chat-Programmen. Sie wëlle Mënschen täuschen, bidden einfach Erklärungen an enger komplexer Welt a sinn zum Deel nëmme schwéier vun zouverlässegen Informatiounen ze ënnerscheeden.

Firwat lafe mir alleguer Gefor, op Fake News oder Verschwierungstheorien eranzefalen? Wéi eng Auswierkungen hunn se op d’Meenungsbildung an op d’Fundament vun enger Demokratie? Wéi kann een erfollegräich géint se virgoen?

D’Debatt fënnt am Kader vun der Serie “Fake News” am TRIFOLION Echternach a Kooperatioun mat der lëtzebuergescher Zäitschrëft forum statt an invitéiert Iech iwwer d’Thema Fake News an d’Roll vun de Medien am digitalen Zäitalter mat Experten aus der Politik an de Medien ze diskutéieren. D’Evenement fënnt am Kader vum World Press Freedom Day statt, den Entrée ass gratis.

Participanten:

  • D‘Judith Reicherzer, verantwortlech fir Kommunikatioun a Medienausbildung am Lycée Aline Mayrisch, huet un der Deutschen Journalistenschule zu München studéiert, wou si eng redaktionnell Ausbildung ofgeschloss huet. Si huet als Redaktrice mam Schwéierpunkt op Jugend, Marketing an Osteuropa fir Die Zeit zu Hamburg geschafft. 1991 ass si op Lëtzebuerg geplënnert fir iwwer d’Europäesch Unioun fir Die Zeit a Süddeutsche Zeitung ze berichten, an 2003 ass si an de Lycée Aline Mayrisch gaang fir de Mediedepartement opzebauen.
  • Karin Weyer ass Psychologin a Psychotherapeutin. Säit der Grënnung vun respect.lu – Centre contre la radicalisation am Joer 2017 ass d‘Karin Weyer zoustänneg fir den Opbau an d’Ëmsetze vun de Missioune vu Präventioun a Begleedung vu Leit déi am Gang sinn sech ze radikaliséieren oder sech scho radikaliséiert hunn.
  • Et huet sech vill am beruffleche Beräich vum Journalismus geännert säit déi fräi Kulturjournalistin Anne Schaaf hir éischt Erfahrunge viru bal 16 Joer gemaach huet. Virun allem d’Aart a Weis wéi d’Journalist:innen elo Inhalter an (On-) Wëssen vermëttelen huet sech geännert. Dëst konnt si feststellen wéi si an der follgender Dekad fir eng grouss Varietéit vu Print- a Radiomedien heiheem an am Ausland geschafft huet – dorënner d‘Zäitschrëft forum a Radio 100,7 souwéi woxx an d’Tageblatt. Elo kuckt déi zukünfteg Historikerin zréck op beweegt Zäiten a freet sech wéi et mam lëtzebuerger Journalismus wäert weidergoen.
  • De François Moyse ass zënter exakt 30 Joer Affekot an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass spezialiséiert op Mënscherechter, praktizéiert awer och europäescht Recht an allgemeng Sträitfäll op alle Geriichter. Och Hatespeech Themen huet hien geriichtlech verfollegt an ass bekannt fir säi staarkt soziaalt Engagement.

Moderatioun: Romain Schroeder (Zentrum fir politesch Bildung)

ca. 90 Min. ouni Paus

op Lëtzebuergesch

Contact:

Romain Schroeder

romain.schroeder@zpb.lu

(+352) 24 77 52 14

 

Wann?

Von: Thursday 22 April 2021
19:30-21:00

Partner