Am DemokratieLabo gëtt sech, wéi den Numm et scho seet, mat Demokratie beschäftegt. Dëst gëtt op verschidde Manéieren an aus ënnerschiddleche Bléckwénkele gemaach, fir ë.a. der Komplexitéit an awer och de verschiddenen Altersgruppe gerecht ze ginn.

Heibäi handelt et sech ëm: Partizipatioun, Polariséierung, soziale Wandel, Integratioun, Roll vun de Medien, Elementer vum Rechtsstat, Mënscherechter, Indentitéit(en), Viruerteeler, Fräiheet, Ongläichheet a Gerechtegkeet.

Am Virdergrond stinn net d’Institutioune vun der Demokratie, mee aktuell Froen, déi d’Zesummeliewen an d’Gesellschaft betreffen. D’Froen, déi gestallt ginn, befaassen sech net mam Oflaf vu Walen oder wéi sech eng Regierung zesummesetzt, mee mat Froe wéi “wat ass iwwerhaapt meng Meenung dozou” oder “wat solle mir maachen, wa mir eis net eenz sinn?”. D’Visiteure an d’Visiteusen erfuerschen d’Spannungsfelder vun enger demokratescher Gesellschaft a stelle fest: “Dat huet eppes mat mir ze doen ».

Des Weidere kréien d’Participant/ë/n nach ë puer Méiglechkeeten opgewisen, wéi si déi eenzel Theme weider mat hire Schüler an der Klass behandele kënnen. Dozou gehéiert och pädagogescht Material fir d’Nobereedung am Cours.

Formatrice: Fabienne Bernardini

Langues : FR / LU

Contact :

Vanessa Reinsch

formations@zpb.lu

(+352) 24 79 51 26

Quand?

Du: lundi 27 janvier 2025
15:00 - 17:00

Où?

Lycée Josy-Barthel Mamer
Lycée Josy Barthel Mamer
Rue Gaston Thorn
Mamer Luxembourg