Vielfalt bestëmmt eis Gesellschaft an den Ëmgang mat Diversitéit ass en wichtegt Zeechen vum Zesummenliewen an enger Demokratie.

Allerdéngs bréngt et och alldeeglech Erausfuerderungen mat sech, an Stereotypen an Viruerteeler kënnen zu verschiddene Formen an Stufen vun Diskriminéierung féieren, ob et elo um Hautfaarf, der Relioun oder der sexueller Orientéierung ass.

Dës Weiderbildung bitt éischtens d’Méiglechkeet, sech mat dësen Formen ze befaassen an iwwer d’Grenzen vun der Meenungsfräiheet ze diskutéieren. Zweetens soll et den ErzéierInnen hëllefen, sech op Situatiounen virzebereeden, an deenen Kanner méiglecherweis menschefeindlech Aussoen maachen. Als ErzéierIn weess een oft am Ufank net, wéi een reagéiere soll. Allerdéngs ass et wichteg, dës Aussoen opzegräifen an ze verstoen, wat dohannert stécht.

Dës Weiderbildung soll op entspriechend Situatiounen virbereeden, andeem d’Participanten Fallbeispiller analyséieren, hir Standpunkte diskutéieren an iwwer den passende Ëmgang beroden.

Sprachen: Luxemburgisch

Referent*innen:

Tom Ketter, Zentrum fir politesch Bildung

Nadia Zimmer, Zentrum fir politesch Bildung

Kontakt:

Vanessa Reinsch

formations@zpb.lu

(+352) 24 79 51 26

Quand?

Du: mercredi 06 mars 2024
09:00 - 16:00

Où?

Arcus
50 Av. Gaston Diderich
1420 Belair Luxembourg

Partenaires