Visite guidée vu Cinqfontaines a Wanderung um Sentier des passeurs 

Dat fréiert Klouschter vu Cinqfontaines, dat 1906 vun der Herz-Jesu Gemeinschaft erbaut gouf, gouf  tëschent 1941 an 1943 vun de Nationalsozialisten als sougenannten “jüdisches Altersheim Fünfbrunnen” ëmfonktionnéiert. Ronn 300 Judden a Jüddinnen, déi deen Ament nach zu Lëtzebuerg gelieft hunn, goufe wärend där Zäit do internéiert, éier déi meescht vun hinnen a Konzentratiounslager deportéiert goufen. 

Wärend der Visitt léiert dir d’Geschicht vun dëser Plaz a verschidde Schiksaler vu Leit, déi gezwonge goufen do ze liewen, kennen. 

Mëttes geet et dann weider um Sentier des passeurs, dem Fluchthelferwee, deen och laanscht Fünfbrunnen gefouert huet. Wärend der NS-Besatzung si verschidde Awunner an Awunnerinnne vum Land héich Risiken agaangen, andeems si sech fir aner Leit agesat hunn. Duerch d’Bëscher an iwwert d’Felder ronderëm Ëlwen hu si Alliéierter, Géigner vum NS-Regime oder Geflüchteter gehollef a méi sécher Géigenden ze entkommen. Dës Weeër, déi vun de Fluchthelfer deemools genotzt goufen, kënnen och haut nach zum Deel erfuerscht ginn. 

De Wee, dee proposéiert gëtt, huet eng Längt vu 7 km an dauert ongeféier 2,5 Stonnen. 

Fest Schung an Trëttsécherheet si Viraussetzung fir um Sentier des passeurs deelzehuelen. 

Urees: 

Et gi Parkméiglechkeeten zu Cinqfontaines.

Umellung a Käschten: 

D‘Umellunge sinn obligatoresch a bis de 18. Juli méiglech op secretariat@snj.lu 

D’Käschte belafe sech op 15 Euro pro Persoun an decken d’Visitten zu Cinqfontaines a vum Sentier des passeurs, sou wéi d’Navette fir op Ëlwen.  

Fir weider Informatiounen kënnt Dir Iech bei der 247 95149 mellen. 

Quand?

Du: mercredi 23 juillet 2025
10:00 - 16:00

Partenaires