Am Fokus vun dëser neier Virliesungsrei steet d’Relatioun tëschent dem Kino an der Natur — ob Documentaire, Spillfilm, Serie oder Experimentalfilm, de Kino huet säit jeehier eng zentral Roll dora gespillt, fir d’Natur- an Déierewelt entweeder selwer an Zeen ze setzen, oder der Mënschheet hir Bezéiung dozou ze reflektéieren an ze hannerfroen. Unhand vu sëllege Filmausschnëtter setzen sech d’Conferencieren a Conferencièrë kritesch mat Inhalt a Form vun dëse Filmproduktiounen auserneen a beliichten hire politeschen, historeschen a sozialen Entsteeungskontext souwéi hire filmgeschichtlechen a sozialen Impakt.

D’ Verhältnis tëschent Mënsch an Natur am Film – eng philosophesch Approche

« You are not a drop in the ocean. You are the entire ocean in a drop. » – Rumi (perseschen Dichter, 13. Joerhonnert)

De Mënsch gesäit sech oft als getrennt – oder detachéiert – vun der Natur un. Hien (oder hatt) hëlt sech wouer als isoléierten Organismus, deen an eng friem Welt placéiert gouf, an en Environnement, deen hie konfrontéieren a kontrolléiere muss – oft mat fatale Konsequenze fir déi natierlech Ëmwelt. An dëser Konferenz wäerte mir eis op eng philosophesch Aart a Weis mat der Relatioun tëschent dem Mënsch an der Natur befaassen, an analyséieren, ob de Mënsch an dës Welt komm ass, oder selwer aus hir entstanen ass.

Conferencière : Gilles Nowikow
Langue : LU (Traduction en FR sur demande au plus tard 7 jours avant la conférence)
Date : 17.03.25 à 19:00
Lieu : CAPE Luxembourg

Quand?

Du: lundi 17 mars 2025
19:00-20:30

Où?

CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
Place Marie-Adélaïde
Ettelbruck Luxembourg

Partenaires