Workshop A: Léieren duerch Engagement – Wat ass dat an wéi setzen ech d’ Materialbox LdE an fir projetsorientéiert un der Nohaltegkeet ze schaffen?

Den 20. Abrëll fënnt déi 4.Editioun vun der BNE Foire um Campus Geesseknäppchen statt. Am Mëttelpunkt steet deen Dag d’pedagogesch Offer fir Bildung fir nohalteg Entwécklung. Op der Foire stellen sech déi verschiddenst Acteuren ronnt ëm Themen vun den 17 Nohaltegkeetsziler vir (Stänn vun vun ONG/ONGD, Ministeren, Verwaltungen, Schoulen, Jugendhaiser…) .
Donieft fannen am Laf vum Dag parallel Formatioun continue an Austauschmomenter zum Thema Nohaltegkeet statt.

Léieren duerch Engagement – Wat ass dat an wéi setzen ech d’ Materialbox LdE an fir projetsorientéiert un der Nohaltegkeet ze schaffen? Zentrum fir politesch Bildung
Du schaffs gäre mat denge Schüler*innen un den Zieler vun der Nohaltegkeet? Du wëlls gär handlungsorientéiert a projetsorientéiert schaffen? Du wëlls gär dat deng Schüler*innen Selbstwirksamkeet a Perpectivenwiessel erliewen? Dann mell dech un bei der Formatioun Léieren duerch Engagement.
Léieren duerch Engagement (LdE) combinéiert Fachwësse mat engem Engagement fir eng méi nohalteg Zukunft. D’Participatioun vun de Schüler*inne steet bei dëser Form vu Projetunterrecht besonnesch am Mëttelpunkt.

 

Formatrice : Manou Worré

Langue : luxembourgeois

Contact : Tania Gibéryen – Tania.giberyen@men.lu

Quand?

Du: jeudi 20 avril 2023
14:00 - 15:30

Où?

Forum Geesseknäppchen (rez-de-chaussée)
40 Boulevard Pierre Dupong
1430 Luxembourg
Lëtzebuerg