D’Europawale fannen de 26. Mee 2019 statt an all EU-Bierger ass gebieden, am Kader vum demokrateschen Zesummeliewen, seng Stëmm ofzeginn. Fir all de Leit ab 18 Joer, déi a Lëtzebuerg wunnen, den Accès heizou z’erméiglechen, ass et erfuerderlech am Fall vun net lëtzebuergescher Nationalitéit, sech an d’Wallëscht anzedroen.

Besonnesch Jonker sinn heimat iwwerfuerdert a ganz dacks gesinn Net-Lëtzebuerger wéi och Lëtzebuerger de Sënn net an, fir iwwerhaapt wielen ze goen. Dat gëtt thematesch an dëser Formatioun opgegraff an d’Jugendaarbechterinnen a Jugendaarbechter kréien niewent villen Informatiounen iwwer d’Walen och eng Rei Outil’en a Methoude vermëttelt, fir mat hirer spezifescher Zilgrupp heizou ze schaffen.

Participant’en un dëser Formatioun kënnen herno als Multiplikateur mat de Jonken Aktivitéite maachen, bei deenen si mat hinnen iwwer Europa an den europäeschen Impakt op hirt alldeeglecht Liewen an en Austausch kommen.

Sprooch: Lëtzebuergesch

 

Aschreiwung:

Aschreiwung per Mail op d’Adresse FormatiounEU@egmj.lu

No der Aschreiwung kritt all Participant zur Virbereedung ee klénge Questionnaire geschéckt, fir a sengem Jugendhaus / senger Jugendstruktur mat de Jonken duerchzegoen.

Dëse Questionnaire sollt wa méiglech bis de 25. Januar 2019 un d’EGMJ per Mail, Post oder Fax zeréck geschéckt ginn.

Quand?

Du: mardi 05 février 2019
09:30 - 12:00

Au: mercredi 06 février 2019

Contact

Michèle Schilt
michele.schilt@zpb.lu
(+352) 24 77 52 22

Où?

Maison de l’Europe
7 Rue du Marché-aux-Herbes
1728 Luxembourg

Partenaires