Cet atelier se déroule en langue luxembourgeoise.

Fir sech eng Meenung ze bilden zu aktuellen Themen, mécht een sech op d’Sich no Informatiounen an Argumenter. Oft ass et allerdéngs net einfach, zouverlässeg Fakten ze fannen oder op Meenungen ze stoussen, déi senger eegener widderspriechen. Schold doru sinn ënner anerem Fake News, Verschwierungstheorien oder Filterblosen.

Aus dësem Grond huet den Zentrum fir politesch Bildung zwee Webtools entwéckelt, déi op der Sich no Informatiounen an Argumenter Orientéierung bidden.

An dësem interaktive Workshop entdecken Är Schüler*innen des Tools an notzen se op hirem Handy. Si fannen eraus wéi déif se an hirer Filterblos stiechen an hannerfroen eng ganz Rei Posts, Tweets oder youtube-Clips.

Referent: Romain Schroeder (Zentrum fir politesch Bildung)

Quand?

Du: vendredi 11 juin 2021
10:00-11:00

Contact

Romain Schroeder
romain.schroeder@zpb.lu
(+352) 24 77 52 14

Où?

Trifolion
TRIFOLION Echternach
Porte Saint Willibrord
Echternach Luxembourg

Partenaires